CYCLING: 4 Stonne Vëlo Grooljen

Wat ass 4 Stonne Vëlo Grooljen?

  • Eng Vëloscourse vu 4 Stonnen mat Relais
  • Mat Equippe vun 1-6 Persounen
  • Op enger Streck vun 2km.

Wéini ass d’Course?

  • All Joers de 15. August, Maria Himmelfahrt . De Start ass um 14 Auer an de leschten Tour gëtt um 18 Auer gefuer.

Wou?

  • Zu Grooljen (Gralingen), ee klengt idyllescht Duerf an der Gemeng Pëtschent, wat ongeféier tëschent Dikrech an Housen läit.Google Maps link

Ween dierf mat maachen?

  • Jiddereen dee pedaléieren kann ass wëllkomm sou laang en 12 Joer oder méi huet.(Fir Kanner gëtt et iwwregens eng separat Bewäertung a Präisser)

Wat fir Vëloe sin erlaabt?

  • Optimal ass ee Coursevëlo mee Mountainbikes an aaner Vëloen sin natiirlech och erlaabt!

Ginn et Präisser ze gewannen?

  • Jo, all Matfuerer kritt eng Medail an et gi Coupen a folgend Kategorien ze gewannen:
    • Haaptkategorie – 3 Bescht
    • Dames – 3 Bescht
    • Jugend (Alter 12-16) – 3 Bescht
    • Solo Fuerer – 3 Bescht

Wéi vill kascht et?

  • Fir de Präiss mi gerecht ze maachen ass en ofhängeg vun der Unzuel vun de Leit di matfueren a mi bëllëg wann der iech mi fréih umellt:
  • Umellung firum 10. Juli:
    • Eenzelfuerer : 20 €
    • 2er Team : 30 €
  • Umellung firum 1. August:
    • Eenzelfuerer : 25 €
    • 2er Team : 35 €
    • 3er bis 6er Team : 55 €
  • Umellung nom 1. August oder op der Plaz:
    • Eenzelfuerer : 30 €
    • 2er Team : 40 €
    • 3er bis 6er Team : 60 €
  • Umellungen mat Reduktioun (also firum 1. August) si logescherweis non-remboursable.

Author: Cyclisto Caffè